An deene Message géif behaapt ginn, datt e Pak net konnt geliwwert ginn. Fir datt d‘Liwwerung klappt, gëtt een dann opgeruff, op e Link ze klicken an d‘Detailer vun der Kreditkaart anzeginn.
D‘Police betount: Richteg Liwwerdéngschter géifen ni froen, datt ee perséinlech Daten iwwer e Link agëtt, dee per SMS oder Email verschéckt gouf. Leit, déi sou Messagë kréien, sollten net drop agoen, an d‘Messagen direkt läschen, sou d‘Police.