D‘Pirate geheien der Marie-Marthe Muller an der LSAP fir, kee Courage, keen Anstand a kee Respekt ze hunn. D‘Pirate verurteelen d‘Manéier vun hirer Ex-Conseillière a vun der LSAP op d‘Schäerfst, heescht et an engem Communiqué. Dora geheie si der LSAP och Mandatsklau vir.
D'Parteileedung vun de Pirate wëllt dëse Virgang net einfach akzeptéieren a géif iwwer weider Schrëtt an dëser Affär beroden.