arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Philharmonie "wëll ni erwuesse ginn, mee ëmmer virwëlzeg bleiwen"

Stephan Gehmacher am Interview

|
headphones

3 min

headphones

13 min

play_arrow

D'Philharmonie "wëll ni erwuesse ginn, mee ëmmer virwëlzeg bleiwen"

De 26. Juni 2005 war en éischte Concert an der Philharmonie. Zënterhier ass d'Weltelite aus der Klassik am Concertssall um Kierchbierg passéiert. De Generaldirekter vun der Philharmonie Stephan Gehmacher huet also vill Grënn, fir zefridden an houfreg ze sinn.

headphones

3 min

headphones

13 min

play_arrow
Stephan Gehmacher | © Sébastien Grébille
Stephan Gehmacher (Foto: Sébastien Grébille)

Haut virun 20 Joer ass den éischte Concert an der Philharmonie gespillt ginn. Dat a Presenz vu ville Prominenten aus der europäescher Politik. D’Aweiung vum neie Concertssall war nämlech den Ofschloss vun der Lëtzebuerger EU-Presidence am Joer 2005.

Generaldirekter vun der Philharmonie war deemools de Matthias Naske. Hien ass bis 2013 bliwwen, ier hie vum Stephan Gehmacher ersat ginn ass. Do virdrun huet hie sech ëm déi kënschtleresch Planung vun de Berliner Philharmoniker gekëmmert. Datt am klenge Lëtzebuerg en neie Sall gebaut ginn ass, dat krut och hien deemools mat, zielt hien am 100,7-Interview.

"Da der Matthias Naske im Jahr davor durch ganz Europa gereist ist zu allen grossen Orchestern, um für den neuen Saal zu werben, um für das Projekt zu werben, so dass auch möglichst bald, möglichst schnell, viele bekannte Künstler dahin kommen."

Sech séier e gudde Ruff gemaach

Wann awer eppes Musekerinnen a Museker unzitt, dann ass et d’Klangqualitéit vun engem Sall. An do huet sech d’Philharmonie séier e gudde Ruff erschafft. Den italieeneschen Dirigent Riccardo Muti war ee vun den éischte Gaaschtdirigenten an der Philharmonie. Souwuel am Gaaschtbuch, wéi och op der Bün selwer, huet hie kloer gemaach, wéi grandios de Sall wier, seet de Stephan Gehmacher.

Elo, 20 Joer méi spéit, ass een an der Philharmonie esou beschäftegt wéi ni virdrun. Et gëtt net just fir déi nächst Saison geplangt, betount de Stephan Gehmacher, mee och scho fir d’Joren 2028 an 2029.

"Also es laufen viele Schienen parallel, aber das ist ja auch gut, weil sonst man kann nicht 400 Konzerte in einem Zeitraum planen und es ist auch gut, wenn der Kalender sich schön langsam füllt."

"Die Philharmonie ist ein junges Konzerthaus geblieben"

D’Pubertéit hätt d’Philharmonie elo hanner sech, esou de Generaldirekter. Mee Erwuesse gi wéilt een trotzdeem ni.

"Ich glaube, wir wollen nie erwachsen werden. Wir wollen sozusagen immer neugierig bleiben. Wir wollen immer schauen, wie wir uns weiterentwickeln können, und das macht im besten Fall ein Erwachsener ja auch. Die Philharmonie ist ein junges Konzerthaus geblieben."

Grad no 20 Joer wier et eng grouss Erausfuerderung, sech net ze vill op Routinnen ze verloossen, de Programm net ze vill ze widderhuelen, mee ëmmer nei Saachen ze probéieren.

Wat d’Clientèle ugeet gëtt et och e Wandel, erkläert de Stephan Gehmacher. Op där enger Säit wier et traureg ze gesinn, datt vill vun den éischten Abonenten net méi op d’Concerte komme kënnen, oder verscheet sinn. Mee grad zënter der Coronapandemie géing ee mierken, datt ee méi e jonke Public uschwätzt. Et wier een och aktiv beméit, jonk Leit an d’Philharmonie ze lackelen.

"Avoir 20 ans"

Fir déi 20 Joer ze feiere wollt een zeréckkucken op dat, wat bis elo alles geschitt ass, seet de Generaldirekter vun der Philharmonie.

"Wer waren die Künstler, wer waren die Personen, die zu dem beigetragen haben, was das Haus heute ist, oder was auch die Institution, zu der natürlich auch das Orchester gehört, heute ist."

Fir den 20. Gebuertsdag gëtt et dofir eng Ausstellung an der Philharmonie mam Numm “Avoir 20 ans”. Mat 40 groussformatege Fotoen an och Videoprojektioune werft een de Bléck zeréck an d’Vergaangenheet. 

play_arrow Lauschteren