Den 100-Meter-Sprint ass ee vun de prestigiéisen Evenementer bei den Olympesche Spiller.
Am Porträt vun der Lëtzebuerger Sportlerin erzielt hiren Trainer vun hirem Opbau, hire Routinnen an hirem Ziller.
“Déi 1. Missioun ass däitlech erfëllt”. Sou huet am Nomëtten de Chef de mission bei den Olympesche Spiller den Optrëtt vun der Patrizia van der Weken an de Serien iwwert d’100 Meter zesummegefaasst.
Halleffinall ass ganz staark besat
De Raymond Conzemius huet vun enger impressionanter Manéier geschwat, mat där d’Sprinterin dës Course gelaf ass. No 50m wier si scho ganz staark gewiescht, woubäi hir Stäerkt u sech de Schlusssprint ass. D’Patrizia van der Weken wier séier op der zweeter Plaz gewiescht an hätt d’Gefill ginn, déi z’assuréieren an d’Course ze kontrolléieren, fir sécher ënnert den 3 éischten ze sinn.
Hir Zäit wier dowéinst nëmme secondaire, och wann et dono ausgeséich, wéi wann d’Sportlerin vum Joer muer an déi zweet Halleffinall kéim, déi ganz staark besat ass.
"Vorzeigeathletin"
Fir de Chef de mission zu Paräis géif déi Halleffinall dann och en “zolitte Match” ginn. Eng Zäit ënner 11 Sekonne wäert warscheinlech noutwenneg sinn, fir an d‘Finall ze kommen.
„De Moie sinn 8 Leit ënner 11 gelaf. Jo, dat ass den Niveau, deen ee warscheinlech muss hunn, fir an enger Finall dobäi ze sinn!”
D‘Potenzial wier do, An den Ae vum Raymond Conzemius trëtt d’Patrizia van der Weken egal wéi extrem professionell a fokusséiert op a wier domat, wéi déi Däitsch soen, eng “Vorzeigeathletin”.