An engem Communiqué vun der CSSF heescht et:
“Le Gouvernement en Conseil, réuni en séance le 16 janvier 2026, a décidé de proposer à Son Altesse Royale le Grand-Duc la nomination de Mme Pascale Toussing en qualité de Directeur à la CSSF.”
D’Pascale Toussing war vun 2017 bis Enn 2023 Directrice vun der Steierverwaltung: hiert Mandat do war net erneiert ginn. Laut Reporter.lu wier dat ënner anerem op schlechte Management zeréckzeféieren.
Zënter 2024 ass d‘Pascale Toussing Beroderin am Finanzministère.
Reporter.lu schreift um Freideg, datt den aktuelle Generaldirekter vun der CSSF, de Claude Marx, op sengem Poste soll bleiwen.
“Gilles Roth a (...) annoncé en exclusivité à Reporter.lu, son intention de renouveler l’actuel directeur général de la CSSF, Claude Marx, pour un troisième mandat de cinq ans. Son mandat arrive à échéance le 4 février prochain.”
Hie wier frou, datt de Claude Marx acceptéiert hätt, mat senger Missioun virun ze fueren, esou gëtt de Finanzminister Gilles Roth (CSV) bei Reporter.lu zitéiert.