Radioen

On air

Kultur um 5  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Participatioun u Mammografien zu Lëtzebuerg ass héich, mee et gëtt Loft no uewen

Santé

D'Participatioun u Mammografien zu Lëtzebuerg ass héich, mee et gëtt Loft no uewen

D‘Santé an de Groupe "Epican" vum Luxembourg Institute of Health hunn ee gemeinsame Rapport iwwer den nationale Programm fir d‘Fréierkennung vu Broschtkriibs publizéiert. Et ass déi éischte Kéier, datt esou eng Evaluatioun duerchgefouert gouf. Lëtzebuerg schneid gutt of, mee et kéint besser sinn, esou de Rapport.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock

D‘Analys géif weisen, datt de Programm hei am Land effikass ass, well Kriibserkrankungen a fréie Stadie géifen erkannt ginn, heescht et an engem Schreiwes vun der Santé a vum LIST.

D‘Participatioun u Mammografië wier zu Lëtzebuerg zwar méi héich, wéi an den Nopeschlänner, géif awer ënnert den europäesche Recommandatioune leien. Deemno wier eng Duebelkontroll bei der Mammografie méi sécher.

Zënter dem 1. Juli 2024 gouf d’Altersgrenz vum Programm erweidert: Elo kënne Fraen tëscht 45 a 74 Joer un den Tester deelhuelen.