Fir d’Editioun 2024 huet de Bistum decidéiert, d’Aarbecht vun den Diakonen ervirzesträichen. Oktavpriedeger sinn dëst Joer 12 Diakonen, an d’Fra vun engem vun hinnen. D’Oktav selwer steet ënnert dem Motto: "Fir ze déngen".
D'Roll vun den Diakonen
De Raymond Goedert ass ee vun den 12 Diakonen. Hien ass bestuet an huet Famill. Een Diakon, dee bestuet ass, muss seng Fra och froen, ob si dermat averstanen ass, datt hien déi Missioun op sech hëlt. Mee wat ass hir Missioun bannent der kathoulescher Kierch?
“Bei där Aarbecht gëtt am Fong de Lien gemaach tëschent der Gemeinschaft, de Leit aus de Poren, a souzesoen der Kierch, dem Paschtouer. An d'Aarbecht ass och déi, datt een d'Nout vun de Matmënsche gesäit a probéiert, do eng Stäip ze sinn.”
Et ass ëmmer eng gewëssen Éier, fir wärend der Oktav Priedeger ze ginn. Dëst Joer sinn et der 12 am Ganzen, plus d’Fra vun engem vun hinnen. Wéi eng Plaz huet d’Fra haut an der Lëtzebuerger kathoulescher Kierch?
“Also ech mengen, datt eis Lëtzebuerger Kierch eng Kierch ass, déi oppen ass. An déi Fra, déi priedegt, dat ass och d’Fra vun engem Diakon. Dat heescht, si priedegen als Koppel. Ech fannen dat ganz flott an ech si frou, datt eisen Äerzbëschof dat och fërdert.”
D'Theema dëst Joer vun der Oktav ass: “Fir ze déngen”. All Diakon soll dëst Theema mat Liewe fëllen. De Raymond Goedert huet donneschdes seng Priedegt. Deen Dag ass d’Wallfaart vun deene Kranken. De Raymond Goedert thematiséiert d’Iwwerwanne vun der Angscht.
“Also mäin Theema fir déi Oktavpriedegt, déi ass iwwerschriwwen „Dénge mam Jesus, meng Ängschten iwwerwannen“. An ech huelen do Bibeltexter als Basis, wéi een do déi Angscht ka mam Jesus iwwerwannen."
D'Kierch muss sech upassen
Anescht ewéi fréier huet d’Oktav eng nei Bedeitung an der Gesellschaft. Seele sinn déi Leit, déi nach pilgere ginn. An hautdesdaags misst ee sech schonn upassen, betount de Raymond Goedert.
“D'Oktav ass kee Selbstläufer, well ech hu festgestallt, virun allem d'lescht Joer, datt ganz vill Läit net méi wëssen, wat d'Oktav ass."
A senger Por hätt een elo probéiert ze erklären, wat d’Oktav ass, a wéi se entstanen ass. Well an der Zäit, wou et de Mënsche schlecht gaangen ass wéinst Krich a Pescht hat d'Oktav natierlech nach ee ganz anere Stellewäert. Mee och hautzudaags huet se een Zweck, dee se erfëllt, mengt de Raymond Goedert.
"Wat wichteg ass, fannen ech, datt een och einfach zur Rou kënnt, datt een an enger Kierch ka rakommen, wou och Rou ass. Datt een dee Kaméidi vu baussen net méi héiert."
Esou kéint een dann zu sech selwer fannen, esou de Raymond Goedert.