Friendship ass am Bangladesch aktiv, wou se iwwer 60 Kilometer Mangroven nees hiergestallt huet. Déi ONG gëtt zu engem Véierel vu Lëtzebuerg aus finanzéiert.
Wëll Friendship déi eenzeg ONG an der Regioun am Süde vum Bangladesch ass, gouf een integréierte Projet ausgeschafft, dee sech mat der Natur, der Upassung un de Klimawandel, mee och mat de lokale Populatioune befaasst.
Permanent Upassungen un de Klimawandel
Am Süde vum Bangladesch, do wou d’Gewässer vum Bramaputra iwwer een Delta an d’Mier fléissen, ginn et Populatiounen, déi ganz isoléiert sinn an déi am meeschten d’Konsequenze vum Klimawandel ze spiere kréien. Dacks sinn et Communautéiten, déi op Sandbänk-Insele liewen, oder um Bord vu Flëss, déi vun Ebbe a Flut och mat reguléiert ginn.
Déi Mënsche mussen sech permanent un d’Wiederkatastrofen, ewéi Taifunen, staarkem Reen a Salzwaasser, upassen.
Gesondheetsservicer iwwer Schëffer
Friendship huet viru méi ewéi 20 Joer de Populatiounen an der Regioun iwwer ee Spidolsschëff Gesondheetsservicer ugebueden. Haut ginn et siwen der Schëffer.
D’Mobilitéit ass och am Beräich Erzéiung ee wichtegen Aspekt fir d’ ONG, erkläert de Marc Elvinger President vu Friendship Lëtzebuerg:
"Een Educatiounsprogramm, deen drop baséiert, datt d'Schoule kënne Plaz wiesselen, mat de Communautéiten, wann déi forcéiert si fir ze plënneren, doduerch datt hir Insel verschwënnt oder zum Deel ofgedroe gëtt. Och Services juridiques, déi wierklech bei d'Leit kommen, do wou se sinn an u sech enger migratoire Populatioun gerecht ginn. An och am Beräich vun der Landwirtschaft, fir Landwirtschaft ze favoriséieren, déi sech adaptéiert un den Exigenze vum Klimawandel."
Bangladesch huet dee gréisste Mangrovebësch op der Welt. Haut ass deen als Naturreservat geschützt. Et sinn dëst Beem déi a liicht gesalzte Gewässer kënne wuessen.
Och lokal Autoritéite gi vun der Dynamik matgeholl
Nërdlech dovunner huet d’ONG Friendship zesumme mat de lokalen Autoritéiten a Populatiounen ee Projet lancéiert fir Mangroven nees hierzestellen, déi virun Iwwerschwemmunge schützen, de Marc Elvinger
"U sech ginn déi ugeplanzt virun den Dämm, awer déi Dämm, déi besti gréisstendeels aus Sand, an déi verstäerken da ganz staark déi Dämm a protegéieren doduerch déi Leit, déi hannert den Dämm wunnen, géint d'Influenze vun deenen Iwwerschwemmungen."
An engems entsteet an de Mangroven eng nei Biodiversitéit, déi de lokale Populatiounen och ze gutt kënnt, de Marc Elvinger:
"Wann der dat nei opforstet, da kommen do Fësch, do komme Krabben, do komme Beie mat Hunneg, do komme Friichten, an dat verschaaft de Leit also och en Akommes. An dat ass fundamental, well d'Communautéite mussen och e wirtschaftlechen Interêt um Projet fannen."
Fir den Ament huet Friendship eng 60 Kilometer oder 250 Hektar beplanzt, dat huet och eng Dynamik an der Regioun entwéckelt, wëll déi lokal Autoritéiten do och Projete lancéiere fir nei ze beplanzen.
Friendship Bangladesch huet ee Budget vu ronn 20 Milliounen Euro d’Joer, 6 Millioune gi fir d’Rohingaflüchtlingen genotzt. Ronn ee Véierel vum Gesamtbudget gëtt iwwert déi Lëtzebuerger Cooperatioun an dem Ëmweltministère cofinanzéiert. 20% mussen deen Ament awer iwwer privat Spenden erakommen.