arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'NATO lancéiert eng Missioun fir d'Sécherheet an der Arktis ze stäerken

International

|
headphones

1 min

D'NATO lancéiert eng Missioun fir d'Sécherheet an der Arktis ze stäerken

D'Zil wier et de Konflikt ronderëm Grönland, dee vum US-President Trump ausgeléist gouf, weider ze deeskaléieren.

headphones

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel)

Dat huet den ieweschten NATO-Kommandant Alexus Grynkewich um Mëttwochmëtteg zu Bréissel annoncéiert. Den NATO-Asaz leeft ënnert dem Numm "Artic Sentry", wat sou vill wéi  "Wiechter vun der Arktis" bedeit. Domat sol d'Stabilitéit an dëser strategesch wichteger Regioun garantéiert ginn.