arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'McGill University kënnt op Lëtzebuerg

Educatioun a Finanzen

|
reading time

2 min

headphones

8 min

play_arrow

D'McGill University kënnt op Lëtzebuerg

Déi renomméiert McGill University vu Montreal ass eng vun den absolutten Top-Universitéite weltwäit a si kënnt elo op Lëtzebuerg. Vun Dezember u wäert si hei e Master an der Finanzgestioun ubidden, mat der Ënnerstëtzung vum Finanzministère, vun der ABBL, der ALFI an der Chambre de Commerce.

reading time

2 min

headphones

8 min

play_arrow

De Partenariat gouf gëschter um Mëttwoch  definitiv ficeléiert an eng wichteg Roll bei senger Entsteeung huet e Lëtzebuerger gespillt, nämlech de Patrick Augustin, deen zënter enger Dose Joren op der McGill University zu Montreal enseignéiert.

Lëtzebuergesch Partenariater kann "extreem vill Friichten droen"

Wéi een Interessi huet d'McGill Universitéit iwwerhaapt fir dee Masterstudiegang hei zu Lëtzebuerg unzebidden? Dem Patrick Augustin no ass alles op eng Strategie zeréckzeféiere fir sech international ze diversifizéieren. Grad am Finanzberäich wier Lëtzebuerg natierlech ganz interessant, well d'Finanzplaz "op der ganzer Welt resonéiert", esou de Patrick Augustin. 

"A mir mengen, datt do de Partenariat mam Ministère, der ABBL, der Alfi, an och der Chambre de Commerce, fir de Programm auszedroen, extreem vill Friichte kann droen."

D'Initiativ ass vun der Universitéit selwer ausgaangen. Gläichzäiteg ass op der anerer Säit e Besoin ausgeschwat gi vum Finanzsecteur a vum Ministère, fir Talenter auszebilden, an och d'Retentioun ze hunn. Eng Win-Win-Situatioun, seet de Professor vun der McGill Universitéit.

Lokal Collaboratiounen

D'Offer riicht sech haaptsächlech u Leit, déi schonn ee Bachelor hunn an déi schaffen. Et ass nämlech ee Part-time-Programm, dee beruffsbegleedend ass. D'Formatioun viséiert eng 30 bis 35 Studente pro Joergang. 

"Ech mengen, et ginn d'Profiller, déi vläicht elo e bësse méi dorobber passen, wéi Leit, déi schonn dräi bis siwe Joer Beruffserfarung hunn, déi am Finanzsecteur schaffen."

De Plang gesäit och vir, datt Proffen aus Kanada op Lëtzebuerg kommen, fir hei ze enseignéieren. De Patrick Augustin betount, datt d'McGill Universitéit ënner den Top-30-Unien op der Welt läit. D'Proffe wiere gutt vernetzt an dovunner wéilt ee profitéieren. Et soll awer och mat lokalen Acteuren zesummegeschafft ginn.

"Ob dat elo ass fir Coursen ze ginn, oder ob dat elo ass fir Evenementer ze maache mat eise Stakeholderen, sief et d'Alfi, d'ABBL oder de Ministère, a mir freeën eis do op eng laangwiereg Zesummenaarbecht."

D'Uni Lëtzebuerg gehéiert allerdéngs net zu deene Stakeholder. De Patrick Augustin betount awer, datt ee Gespréicher mat de Responsabele vun der Uni.lu gehat hätt, an een och Potential fir Collaboratioune geséich.

play_arrow Lauschteren