Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Marie-Josée Jacobs: "Net a Verfassung fir als Caritas-Presidentin virunzefueren"

Nom Finanzbedruch

Marie-Josée Jacobs: "Net a Verfassung fir als Caritas-Presidentin virunzefueren"

D'Marie-Josée Jacobs confirméiert am 100,7-Interview, datt si hir Demissioun als Presidentin vum Verwaltungsrot vun der Caritas agereecht huet. RTL hat als éischt gemellt, datt déi fréier CSV-Ministesch als Presidentin vun der Caritas zrécktrëtt. Déi fréier CSV-Ministesch seet am 100,7-Interview, d'Fraude vun 61 Milliounen Euro bei der ONG wier fir si een haarde Coup.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

E Coup, deen hier zougesat hätt - si géif och net méi alles verhalen. "Ech fille mech net gutt, dat ass sécher", seet d'Marie-Josée Jacobs. A wann ee selwer net gutt wier, da wier et och schwéier, fir fir aner Leit eppes Guddes ze maachen. Si géif sech am Moment net an der Verfaassung spiere fir op hirem Poste virun ze fueren an déi grouss Aufgabe viru fueren.

An dofir wier et besser, wann nei Leit kéime fir an der Caritas déi aktuell schwiereg Situatioun ze bewältegen.

Si selwer hätt keng Reprochë gemaach kritt

Si hätt dem Kardinol Jean-Claude Hollerich hir Demissioun geschéckt an hätt och mam Weibëschof Leo Wagener geschwat, a géif elo op e Retour waarden. De Weibëschof Leo Wagener wollt op Nofro hi kee Statement ofginn zur annoncéierter Demissioun an zur méiglecher Successioun Si géif sech selbstverständlech froen, ob si iergend eppes un der Fraude hätt kënne verhënneren, mee Scholdzouweisungen hätt si keng gemaach kritt. D'Fro awer, wéi et mat der Caritas weider geet, gëtt ouni si gekläert. No der Fraude vun 61 Milliounen huet déi nei asbl HUT e gudden Deel vun den nationale Caritas-Aktivitéiten iwwerholl, e Gros vun den internationalen Aktivitéite hu misse gestoppt ginn. D'Caritas selwer krut Sue vum Staat geléint, huet awer och nach Rechnungen ze bezuelen a weess net, ob se d'Dissolutioun evitéiert kritt.

Hoffnung, datt d'Caritas iwwerlieft

Wat wënscht d'Marie-Josée Jacobs der Caritas an deem Kontext?

Si wier dovun iwwerzeegt, datt d‘Caritas géif iwwerliewen an datt se erëm zu där wichteger Organisatioun fir Lëtzebuerg gëtt, déi se emol war.

D'Marie-Josée Jacobs ass zënter 11 Joer Presidentin vun der Caritas. Hir Demissioun ass déi drëtt am Verwaltungsrot zënter der Fraude vun 61 Milliounen Euro. Am Juli, direkt nodeems d’Fraude opgeflunn ass, hunn de Marc Entringer an de Gerd Brockhoff aus dem Verwaltungsrot vun der Fondatioun demissionéiert. Si schaffen allebéid fir d’Spuerkees, eng vun de Banke bei deenen d’Caritas hir ëmstridde Kreditter opgeholl huet.

Lauschterenplay_arrow