D'Maison du Grand-Duc huet preziséiert, datt et Informatioune ginn, datt falsch E-Mailen an Noriichte verschéckt goufen, an deenen d‘Identitéit vu Memberen aus dem Direktiounscomité benotzt goufen.
D‘Maison du Grand-Duc betount, datt offiziell E-Maile vun hinne just richteg sinn, wa se mat der Adresse @gdl.etat.lu ophalen.