Dat mellt d'Chambre de Commerce mat Verweis op de Klassement vun de kompetitiivste Länner op der Welt. Dee gëtt vum IMD, dem internationalen Institut fir Management Development, opgestallt. Am Klassement hätt Lëtzebuerg 3 Plaze gutt gemaach am Verglach mat 2023 a kéim deemno op d'Plaz 20. Fir dat drëtt Joer hannertenaner géif de Grand-Duché sech deemno an der Mëtt vum Klassement situéieren a géif och dauerhaft schéngen do ze bleiwen, esou d'Analys vun der Chambre de Commerce. Am Verglach: Bis 2022 louch Lëtzebuerg am Kompetitivitéitsklassement ëmmer an den Top 15.
arrow_back_ios
Noriichten
Kompetitivitéitsklassement
|D‘Lëtzebuerger Wirtschaft ass méi kompetitiv ginn
D‘Lëtzebuerger Wirtschaft ass d‘lescht Joer erëm liicht méi kompetitiv ginn, mee bleift ëmmer nach däitlech ënnert dem Niveau vu virun 10 Joer. D‘Lëtzebuerger Wirtschaft ass d‘lescht Joer erëm liicht méi kompetitiv ginn, mee bleift ëmmer nach däitlech ënnert dem Niveau vu virun 10 Joer.
(Foto: Bigstock / Phongphan)