Et wier ee Fakt, datt d'Populatioun net op den Eeschtfall preparéiert ass, esou d'Taina Bofferding um Méindeg virun der Press.
D'LSAP fuerdert dofir eng landeswäit Kommunikatiouns-Campagne fir de Krisefall a reegelméisseg Übunge fir d'Zivilbevëlkerung.
Net just Warnen mee konkret Opfuerderungen
Et géif net duergoen, datt d'Informatiounen op engem Internetsite stinn, esou d'Taina Bofferding. Doriwwer eraus misst och den LU-Alert-System weider ausgebaut ginn, fir datt all déi Leit, déi am Land wunnen oder schaffen, séier informéiert an erreecht ginn.
"Wichteg ass, datt den LU-Alert weider ausgebaut gëtt, mee eeben net nëmme warnt, mee och konkret Recommandatioune gëtt. Zum Beispill wann e Problem mam Drénkwaasser ass, datt dann och matgedeelt gëtt: Dat muss ee lo ofkachen. Oder wann dobaussen e Stuerm ass oder Onwieder, datt een och seet:Gitt wannechgelift elo net virun d'Dier."
Et wier wichteg, net just ze warnen, mee och ganz konkreet ze soen, wat de Staat an esou Eeschtfäll vun de Leit verlaangt, esou d'Taina Bofferding.
Vergaangenheet weist: Krisekommunikatioun nach net ideal
Déi rezent Cyberattack bei der Post oder och den Ausfall vu Luxtrust hätte gewisen, datt bei der Krisekommunikatioun nach Loft no uewe wier.
Iwwerdeems wier et wichteg, datt méiglechst vill Leit éischt Hëllef leeschte kënne. Dofir missten Éischthëllefscoursen obligatoresch gi, heescht et nach vun der LSAP.