arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Kleedersammlung gëtt manner rentabel

Demande geet zeréck

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D'Kleedersammlung gëtt manner rentabel

D’Kleedersammlung géif sech och zu Lëtzebuerg ëmmer manner rentéieren. Dat soen déi zwou gréisst karitativ Associatiounen an deem Beräich op Nofro hin, no änleche Berichter an aneren europäesche Länner. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Kolping Lëtzebuerg
(Foto: Kolping Lëtzebuerg)

D'ASBL Aide aux Enfants Handicapés et Défavorisés an d'ASBL Kolping Lëtzebuerg denken doriwwer no, d'Kleedersammlung an de Plastikstuten uechter d'Gemengen zeréckzeschrauwen. D'Demande no Second-Hand-Kleeder géif zënter zwee Joer staark zeréckgoen, d'Qualitéit méi schlecht ginn, an d'Sammele méi deier.

De Marché ass "méi wéi saturéiert"

Et géifen zwar ëmmer méi Kleeder a Containere landen, mee d'Qualitéit vum Gezei géif ëmmer méi schlecht ginn. Mëttlerweil wier bal d'Hallschent aus der sougenannter Super-Fast-Fashion, esou d'Marie-Jeanne Brauch, Presidentin vun der ASBL Kolping Lëtzebuerg.

Dobäi kéimen eng ganz Panoplie un Ursaachen, firwat d'Geschäft mat ale Kleeder sech ëmmer manner loune géif. Zum Beispill wieren d'Transportkäschten an Europa explodéiert an d'Personalkäschte fir den Tri géifen ëmmer méi deier ginn.

D'Martine Biwer-Rollingen, General Sekretärin vun der ASBL Aide aux Enfants Handicapés, zielt wieder Ursaachen op. 

"Momentan ass de Marché méi wéi saturéiert, datt mir och momentan e bësse Schwieregkeeten hunn, fir datt eis Fournisseuren eis Wuer ofkafen."

D'Hoffnung bleift bestoen

D'Ukrain a Wäissrussland wieren ënner de stäerksten Ëmsazplaze gewiescht, an elo wéinst dem Krich net méi accessibel, seet d'ASBL Kolping. Och fir d'ASBL Aide aux Enfants fält heimat ee vun de wichtegste Marché fort, wéi d'Martine Biwer-Rollingen, General Sekretärin erkläert. Komplett agebrach wier d'Geschäft mat den ale Kleeder awer net, esou d'Martine Biwer-Rollingen, mee "d'Präisser sinn 30 Prozent erofgaange vun deem, wat mir soss kritt hunn."

Déi zwou ASBLe finanzéiert hir Projeten haaptsächlech iwwer d'Collecte an de Weiderverkaf vun ale Kleeder. D'Martine Biwer-Rollingen kuckt trotz der aktueller Lag awer positiv an d'Zukunft. D'AEHDL huet aktuell 190 Container hei am Land stoen, an et sollen der nach dobäi kommen, och wann d'Geschäft manner rentabel wier.

play_arrow Lauschteren