D’Zil ass et een Austausch vun Informatiounen ze erlaben tëschent allen Acteuren, baussent oder bannent der Lëtzebuerger Justiz.
Dat hunn d’Justizministerin Elisabeth Margue an d’Procureure d’état générale d’Martine Solofieff um Donneschden an der Chamber Justizkommissioun erkläert. 4 Leit schaffen den Ament fir dee Projet beim CTIE. Déi Aarbechten hu schonn ënnert dem fréiere grénge Justizminister Félix Braz ugefaangen.
Digitaliséierung geet net bannent kuerzer Zäit
Wann een Informatiounen, Urteeler oder Dokumenter vun der Justiz wëllt digitaliséieren, an anonymiséiere fir se dono zur Verfügung ze stellen, da kann dat net bannent kuerzer Zäit realiséiert ginn. Et ginn technesch Froen ze reegelen, iwwert d’IT Programmer déi agesat ginn, iwwert d’Vernetzung an iwwert den plus ou moins limitéierten Accès.
An der Kommissioun gouf een Abléck gewisen, wéi verschidden Dokumenter erfaasst ginn a wéi déi verschidden Acteure vernetzt ginn, erkläert den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana.
Dat huet een am Dossier vun der Datebank vun de Justizautoritéiten JUCHA gesinn. Dat erkläert och dee laangen Delai bis 2030 fir déi Aarbechten ze finaliséieren. Derbäi koum datt d’Personal bei den externen IT-Firmaen dacks gewiesselt hunn, erkläert déi fréier gréng Justizministerin Sam Tanson. Doduerch hätt ee vill Zäit verluer.
Piraten: Firwat bei Null ufänken?
De Marc Goergen vun der Piratepartei freet sech ob een net am Ausland een adequate fäerdege Programm kann iwwerhuelen an op d‘Besoinen upassen amplaz „bei Null unzefänken“.
D‘Digitaliséierung vun der Justiz wier jiddefalls wichteg, betount d‘Carole Hartmann. Souwuel fir Leit, déi sech selwer verdeedegen, wéi fir Affekoten an Affekotinnen. Jidderee misst de selwechten Accès hunn.