Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Jeanne Lehair huet am Triathlon missten opginn

Lëtzebuerger bei den Olympesche Spiller

D'Jeanne Lehair huet am Triathlon missten opginn

Bei den Olympesche Spiller zu Paräis huet d’Jeanne Lehair de Mëttwoch Moien am Dammen-Triathlon missen opginn. Dee Moment war d’Lëtzebuergerin an engem zweete Grupp ënnerwee, ronn eng Minutt hannert dem Spëtzegrupp. D’Goldmedail war um Enn fir d’Franséisin Cassandre Beaugrand.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

Jeanne Lehair | © picture alliance / Pacific Press | Alberto Brevers play_arrow
Foto: picture alliance / Pacific Press | Alberto Brevers

Zejoert gouf d'Jeanne Lehair zu Madrid a Spuenien Europameeschterin. Am Kader vun der World Triathlon Championship Series war si bei der leschter Course zu Hamburg an Däitschland, Mëtt Juli, déi Véiert ginn. Am November sot si, eng Medail zu Paräis wier e ganz gutt Resultat, an datt si mat deem, wat si zejoert gewisen huet, vun enger Top 8-Placéierung dreeme kéint.

Um 14:33 Auer da fänken déi zweet Olympesch Spiller vum Dressurreider Nicolas Wagner-Ehlinger un. Dat mat der Qualifikatioun. Deen 32-Joer alen Athleet ass zanter 2019 reegelméisseg bei Europameeschterschaften dobäi a war dat och 2022 bei de Weltmeeschterschaften. Dem Nicolas Wagner-Ehlinger säi Päerd heescht Quater Back Junior FRH.

Generatiounenduell am Dëschtennis

An um 11 Auer trëtt d'Ni Xia Lian fir hir 16.-Finall am Dëschtennis-Simple un. Géignerin an der Ronn vun de leschten 32 ass déi aktuell Nummer 1 op der Welt, d'Chineesin Sun Yingsha. Den Dënschdeg de Mëtteg huet déi iwwregens Gold am Dubbel mixed gewonnen.

Lauschterenplay_arrow