arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Inspection sanitaire mellt 7 Fäll vu Legionellos

Gesondheet

|
reading time

1 min

D'Inspection sanitaire mellt 7 Fäll vu Legionellos

De Gesondheetsministère huet de Freideg Fäll vu Legionellos am Raum Stengefort confirméiert. D‘inspection sanitaire krut 7 Fäll vu Longenentzündung gemellt, déi duerch d‘Bakterie ausgeléist goufen.

reading time

1 min

Waasser aus dem Krunn | © Bigstock / Snowboy
Waasser aus dem Krunn (Foto: Bigstock / Snowboy)

6 vun de Betraffene géifen an der Gemeng Stengefort wunnen, oder sech do ophalen, 3 dovu mat engem Lien mam interkommunale Spidol zu Stengefort. Déi betraffe géife grad a Spideeler behandelt ginn. D‘Ursaach fir d‘Krankheet si Bakterien am Waasser. Si kënnen duerch d‘Anootme vu Waasserdrëpsen d‘Krankheet ausléisen, d‘Krankheet géif sech awer net vun enger Persoun op déi aner iwwerdroen, esou d‘Santé, déi och festhält, datt et kee Problem ass dat Waasser ze drénken.

Déi ongewéinlech Situatioun kéint hir Ursaach an den héijen Temperature vum Juni hunn, esou de Ministère, méiglecherweis hunn d‘Bakterie sech doduerch am Waasserreseau multiplizéiert.