arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ D'Inflatioun an der Eurozon ass däitlech zeréckgaangen
Wirtschaft
D'Inflatioun an der Eurozon ass däitlech zeréckgaangen
D’Inflatioun an der Eurozon ass am Mäerz vill méi schwaach ausgefall, wéi erwaart. Bannent engem Joer louch se bei 2,4 Prozent, schreift d’Statistikamt Eurostat. Virun engem Joer louch d’Inflatioun nach bei 6,9 Prozent an der Eurozon. Ekonomiste ginn elo dovunner aus, datt d’EZB am Juni hir Haaptleetzënsen erofsetzt.