search

/ D'Indextranche fält op den 1. Juni: D'Paie vum Juni klammen ëm 2,5 Prozent

STATEC

|
reading time

1 min

D'Indextranche fält op den 1. Juni: D'Paie vum Juni klammen ëm 2,5 Prozent

An engem Communiqué confirméiert de STATEC also seng Previsioun vum Mee. Domat ginn d'Paien an d'Pensioune vu Juni un un d'Inflatioun ugepasst a klammen deemno ëm 2,5 Prozent.

reading time

1 min

Präis Inflatioun | © picture alliance / pressefoto_korb | Micha Korb
Präis Inflatioun (Foto: picture alliance / pressefoto_korb | Micha Korb)

Am Mee gouf et zu Lëtzebuerg eng Inflatioun vun 2,3 Prozent, esou de STATEC a sengem Schreiwes. Et ass déi zweet Indextranche bannent de leschten 13 Méint.

Wéini eng nächst Indextranche erfält, ass nach net gewosst - dat géif vun der Ouverture vun der Strooss vun Hormus ofhänken, hat de STATEC-Direkter Tom Haas am Mee am 100,7-Interview erkläert.