Vun dësen 130 Aarbechtsinspekteren an -Inspektesche géifen der bal 100 Kontrollen um Terrain maachen, esou den ITM-Direkter Marco Boly. Déi Zuel huet sech zanter 2016 méi wéi verzéngfacht. Dat ass eng Erklärung dofir, datt och méi Kontrolle vu Chantiere kënne gemaach ginn. A wa méi kontrolléiert gëtt, da kënnt et och zu méi Chantiersfermeturen, betount den Direkter vun der Gewerbeinspektioun.
De Marco Boly erkläert och, datt 2023 dräi Véierel vun alle Kontrolle vun der Gewerbeinspektioun där vun Entreprisë waren, déi kee Sëtz hei am Land hunn.
"An do ass et ëm sou méi wichteg, datt mer déi Kontrollen accentuéieren, well déi schueden - wa si sech net un d'Reegele vum Spill halen - déi schueden dem Lëtzebuerger Aarbechtsmarché enorm."
Protokoller fir 14 Milliounen Euro
Bei alles an allem iwwer 17.000 Kontrollen d'lescht Joer vun der ITM, goufe Protokoller fir iwwer 14 Milliounen Euro decidéiert. D'Unzuel u Protokoller géif weisen, datt sech déi Kontrolle gelount hätten.
Bei dëse Kontrolle goufen am éischte Semester dëst Joer ronn 300 Bauchantieren zougemaach. Am selwechten Zäitraum 2023 waren et ronn 170 Chantiersfermeturen.
Den ITM-Direkter féiert dat op de Käschtendrock zeréck.
"Dir wësst jo, wann d'Leit mussen de Rimm méi enk schnallen, zemools d’Societéiten, dann ass d’Tendenz - ech behaapten dat elo mol ganz frech - ëmmer e bësse méi grouss. An d’Fuddele bréngt mat sech, wann ee kontrolléiert, datt een dann natierlech méi Derapagë feststellt, déi do sinn."
Ëmmer méi auslännesch Firme bezuelen hir Protokoller net
Bei deenen Entreprisen, déi aus dem EU-Ausland op Lëtzebuerg schaffe kommen, kënnen d’ITM-Protokoller hinnen an d'Ausland nogeschéckt ginn, esou eng weider Erklärung vum Direkter Marco Boly, fir déi méi héich Zuel vu Baustoppen hei am Land.
Et géifen awer ëmmer méi Entreprisë ginn, déi déi Protokoller net bezuelen.
"Dat bréngt da mat sech, wa mir se dann nach eng Kéier hei zu Lëtzebuerg um Chantier treffen, dann ass et direkt d'Fermeture, déi gëtt da prononcéiert. An do stelle mer awer fest, datt et zu enger liichter Augmentatioun komm ass."
Marco Boly: Chantiere gi relativ séier erëm fräiginn
Wann ee Chantier gestoppt gouf, da kéint et relativ séier goen, dësen duerno erëm fräi ze ginn, seet den ITM-Direkter. Beispillsweis wann et Verstéiss am Beräich vum Detachement vun Aarbechter:inne gouf, da kréiche si séier d'Main-levée, esou de Marco Boly.
"Wat d’Piècë méi séier bei d'ITM kommen, déi gefrot ginn, wat et méi séier geet.“
No enger Fermeture kéinte Chantiere bannent dräi oder véier Deeg erëm opgoen. Bei méi groussen Envergurë kéint dat awer e puer Woche laang daueren.