De Mouvement écologique wëllt elo nozielen a mécht den Appeél: wann een an d’Natur spadséiere geet an en Hues gesäit, soll een dem Mouvement déi Informatioun weider ginn. D’Ëmweltorganisatioun hofft esou, Informatiounen iwwert den Huesebestand hei zu Lëtzebuerg ze kréien.
Deen ass wuel net méi ganz grouss. Fir déi Erkenntnis berifft de Mouvement sech op d’Zuele vun der Juegd. An de 50er Jore goufe pro Joer bis zu 13.000 Huese geschoss, 2021/2022 waren et der 300. Dat ass e Réckgang vun 98 Prozent.
D’Claire Wolff, Responsabel fir d’Biodiversitéit beim Mouvement écologique ënnersträicht, datt d’Juegd selwer awer net responsabel fir dee Réckgang ass.
Kee Liewensraum méi
D’Ursaach fir dee Réckgang sinn d’Changementer vun der Landschaft. Den Hues lieft an der oppener Landschaft, dobaussen op der Gewan, op Akeren, an a Wisen: Am léifsten an enger villfälteger Landschaft. Leider ass där net méi vill do.
An dofir mécht den Hues sech rare, seet d’Claire Wolff. Offiziell zielt den Hues wuel net zu de bedroten Aarten, an Däitschland ass en awer op der rouder Lëscht.
Verwiesslungsgefor
Bei der Observatioun, déi d’Leit fir de Mouvement solle maachen – muss een oppassen Hues a Kanéngchen net ze verwiesselen.
Den Hues huet laang Oueren, mat schwaarze Spëtzen, huet hell Ae mat orange-gieler Iris, e wäisse Bauch an ass och méi grouss wéi d’Kanéngchen. Déi Deiere si méi kleng, hu méi kuerz Been a generell méi eng ronn Gestalt – hir Ae si méi “Petziméisseg” seet d’Claire Wolff.
Trotzdeem ass hire Liewensraum änlech bedrot wéi dee vum Hues.