Weider wéilt ee mat deem neie Site och géint de Besoin vu qualifizéierte Fachleit am Horeca-Secteur gerecht ginn, deen ëmmer méi grouss gëtt.
Dëst wier awer nëmmen eng Iwwergangsléisung, esou nach den DP-Minister. Et wéilt ee laangfristeg d’Schlass zu Suessem als Site fir de Süden ëmbauen.
Den neie Site zu Wickreng mécht an zwou Etappen op. Am September sollen déi éischt fënnef Formatiounen ugebuede ginn. 2026 sollen dann nach véier weider Formatiounen dobäi kommen.