Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Hamas soll 4 weider Geiselen ëmbruecht hunn - USA wëllen Enn vum Krich 

Noen Osten

D'Hamas soll 4 weider Geiselen ëmbruecht hunn - USA wëllen Enn vum Krich 

Déi israeelesch Arméi huet den Doud vu véier weidere Geiselen annoncéiert, déi d‘Hamas an der Gazasträif gefaange gehalen hat. Israel géif dervun ausgoen, datt déi véier Geiselen ëmbruecht goufen, wéi si zesummen an enger Zon zu Chan Younis am Süde vun der Gazasträif waren, sot de Spriecher vun der israeelescher Arméi.

auto_stories

1 min

Gazasträif | © picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi

Iwwerdeems probéieren d'USA d'Ënnerstëtzung vum UNO-Weltsécherheetsrot ze kréie fir den neie proposéierten Accord fir eng Wafferou an en Enn vum Krich an der Gazasträif. Déi grouss Linne vun deem Accord sinn: Eng Waffepaus vu 6 Wochen, d‘Fräiloossung vun de Geiselen, de Réckzuch vun der israeelescher Arméi aus den Deeler vun der Gazasträif, wou vill Leit liewen, méi humanitär Hëllef, an de Nees-Opbau vun der Gazasträif.

D'USA hätten eng entspriechend Resolutioun abruecht, sot déi amerikanesch UNO-Ambassadrice. Dora gëtt och d'Hamas opgeruff, d'Propos fir en Accord unzehuelen.

D'G7-Staaten hu sech hirersäits hanner d'Propos fir eng Wafferou an d'Fräiloossung vun de Geisele gestallt, déi den US-President Joe Biden d'lescht Woch virgestallt hat.