D’Prozedur fir d’Resiliatioun vum Agrements-Kontrakt wier am Gaangen. Wéi mir dat gemellt haten, huet de Philippe Wilmes d’Kënnegung vum Agrement bis elo just mëndlech mee nach net schrëftlech matgedeelt kritt.
Den Dokter Wilmes kritt vun aneren Doktere reprochéiert gesond Kräizbänner operéiert ze hunn. Hien ass dowéinst am Januar vum Spidol um Kierchbierg a vum Gesondheetsministère suspendéiert ginn. Den Dokter dementéiert d’Virwërf.
Eisen Informatiounen no hunn d’Hôpitaux Robert Schuman d’Virwërf vun engem franséischen Expert iwwerpréiwe gelooss. Et wier op Basis vun där Expertise, datt de Groupe HRS dem Dokter Wilmes den Agrement ofhuele géif, esou eis Sourcen, déi mat der Matière vertraut sinn, mee net wëlle mam Numm genannt ginn.