Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Toro Y Moi - Ordinary Pleasure

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Aus allen Ecker vun der Welt op de Findel: D'Grenzkontroll fir Déieren a Planzen

ALVA

Aus allen Ecker vun der Welt op de Findel: D'Grenzkontroll fir Déieren a Planzen

Um Findel zirkuléieren net nëmmen Touristen, déi an d‘Vakanz fléien. Am Cargo-Beräich sinn och vill Déieren a Liewensmëttel ënnerwee. An déi musse, wa se an d‘Land kommen, kontrolléiert ginn.

auto_stories

3 min

headphones

20 min

play_arrow
Dr. Malou Grasges, Veterinärin bei der ALVA (Foto: Morgane Weidig)

Grenzkontrolle fir Déieren a Planze sinn op all den europäesche Flughäfen eng Routine. Et geet drëms ze kontrolléieren, ob d‘Déieren an d‘Liewensmëttel keng Krankheete matbréngen. Um Findel këmmert sech d‘ALVA, d‘Veterinärs- a Liewensmëttelinspektioun, dorëms.

Et weess een net ëmmer wat een erwaart

D‘Veterinärin Malou Grasges ass Responsabel vun deem Service an huet deemno scho ganz vill verschidden Déieren ënnersicht: Muppen, Päerd a souguer och Nashörner, déi um Findel am Transit waren. Dacks weess d'Ekipp och net direkt, wat se erwaart.

Well déi Lëtzebuergesch Cargoairline Cargolux an d‘ganz Welt flitt an de Findel ee vun den 10 gréisste Cargoflughäfe vun Europa ass, kommen eben och vill Déieren um hei un, fir vu Lëtzebuerg aus weider transportéiert ze ginn.

Vun Ungarn an Texas

Sou zum Beispill ee Mupp, dee grad aus Ungarn komm ass a weider an Texas soll fléien. Do gëtt et natierlech och op villes opzepassen.

„Dat do ass elo en Déier am Export. Am Export musse mir kucken, wéi den Gesondheetszoustand a wéi de bien-être animal vum Déier ass, ob en apte ass, fir déi Rees ze maachen. Et ass en EU-Import. An deem Sënn mussen dann och Pabeieren derbäi sinn.“

Virun engem Transport gëtt de Gesondheetszoustand, Impfung an allgemengt Wuelbefanne vum Déier ënnersicht | © Morgane Weidig
Virun engem Transport gëtt de Gesondheetszoustand, Impfung an allgemengt Wuelbefanne vum Déier ënnersicht (Foto: Morgane Weidig)

Da gëtt och gekuckt, ob den Chip stëmmt, an ob d‘Tollwutimpfung an der Rei ass. Fir Hausdéieren ass dat déi eenzeg Impfung, déi reglementéiert ass, erkläert d‘Malou Grasges.

Datt um Findel tatsächlech Krankheeten diagnostizéiert ginn an Déieren a Quarantän mussen, geschitt awer quasi ni, verséchert d‘Veterinärin.

Ee Mupp fir d'ALVA

D‘ALVA këmmert sech um Findel nieft den d‘Déieren och ëm d‘Kontroll vu Planzen a Liewensmëttel. Do geet et ënner anerem drëms ze kontrolléieren, datt d‘Liewensmëttel wéi zum Beispill Mangoen, net vun Insekten oder Larve befall sinn, déi hei net heemesch sinn a grousse Schued uriichte kéinten, wa se sech hei verbreeden.

Nach ass d'Lily net fir d'ALVA am Asaz. De Mupp gëtt awer ausgebilt, fir am Holz Insekten ze fannen | © Morgane Weidig
Nach ass d'Lily net fir d'ALVA am Asaz. De Mupp gëtt awer ausgebilt, fir am Holz Insekten ze fannen (Foto: Morgane Weidig)

Fir zum Beispill Verpackungsholz op Insekten ze ënnersichen, gouf rezent souguer nei rekrutéiert: Ee Mupp ass zënter neistem Deel vun der Ekipp vun der ALVA. Dee gëtt elo forméiert fir an Zukunft Insekten am Holz ze fannen, dat um Findel ukënnt. Dee kann dat méi séier a méi genau, wéi ee Mënsch dat kéint maachen.

Lauschterenplay_arrow