Den US-President Donald Trump hat jo e puer Mol domat gedreet, am Iran z‘intervenéieren, wann den autoritäre Regime zu Teheran net géif ophalen, esou brutal géint d‘Manifestante virzegoen.
Zënter dem Ufank vun de Masseprotester Enn Dezember, sollen 3.400 Mënschen ëmbruecht an der 10.000 festgeholl gi sinn.
Dat hat um Mëttwoch eng ONG matgedeelt.
Vun Teheran gëtt iwwerdeems gemellt, datt et haut roueg an de Stroosse wier an datt keng Manifestante méi do wieren. Den Internet am Iran wier awer nach ëmmer blockéiert.