De Paul Glouchitski vum LCGB begréisst virun Allem zwee Punkten, vun der geplangter Taxisreform, déi d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes presentéiert huet.
“L'intégration des chauffeurs de voitures de location avec chauffeurs, ce qu'on appelle les VLC, qui vont être intégrés en fait dans le cadre légal. Parce qu'actuellement ces chauffeurs-là ne sont pas intégrés et quelque part il y a une certaine concurrence déloyale qui s'est installée au fur et à mesure des années. Donc là ces chauffeurs seront soumis aux mêmes règles que les chauffeurs de taxi. Donc ça c'est plutôt une bonne chose.”
Datt Chaufferen vun deene sougenannte VLCen dann och mussen de Mindestloun kréien a sozial verséchert sinn, begréisst de Paul Gloutchiski ausdrécklech.
Gefor vu Sozialdumping
Datt VLCen an Taxien an dee nämlechte legale Kader falen, gesäit de Sveinn Graas vum OGBL éischter kritesch.
“Mir hunn do nach Punkten, wou mer definitiv kritesch gesinn, wéi eeben dat Opmaache vun de Lizenzen, plus eeben, dass herno VLC an Taxi esou e bëssen nämmlecht solle ginn, also deen nämmlechte Schäin op jidde Fall och gemaach gëtt an esou. Duerno fäerte mer haaptsächlech, dass awer op iergendenger Aart a Weis e Sozialdumping bedriwwe gëtt.”
Genee dee Sozialdumping wëll d’Mobilitéitsministesch mat hirer Reform eigentlech verhënneren.
Méi Formatioun, begréisst de Sveinn Graas
D’schrëttweis Liberaliséierung vun den Taxislizenzen bis 2030 gesäit de Sveinn Graas vum OGBL kritesch. Momentan ass d’Unzuel vun den Taxislizenze gedeckelt. Mat der neier Reform soll déi Deckelung ewech falen. De Paul Glouchitski vum LCGB seet, datt een do misst kucken wéi dat sech a Réalitéit op de Secteuer auswierkt.
De Sveinn Graas begréisst awer och, datt an der Reform eng Iwweraarbechtung vun de Formatiounen fir Chauffeuren virgesinn ass. Mee och do misst een zu engem spéideren Zäitpunkt gesinn, wéi dat sech wierklech duerstellt, esou nach de Sveinn Graas.