Ufank vun der leschter Woch war jo matgedeelt ginn, datt de Buergermeeschter vu Réiser, den Tom Jungen (LSAP), d'Initiativ ergraff huet, fir d'Schäfferéit vun alle lëtzebuergesche Gemengen ze invitéiere fir déi fréier Plattform vu Gemenge géint Atomenergie ze reaniméieren: Eng Plattform, déi am Joer 2011 vum deemolege Buergermeeschter vu Réimech Henri Kox (déi gréng) gegrënnt gi war.
Quasi en Noper vu Cattenom
D'LSAP-Sektioun Dräilännereck hat d'lescht Woch bedauert, datt d'Gemenge Bous-Waldbriedemes, Duelem, Munneref, Réimech, Schengen a Stadbriedemes bis elo nach net Deel vun der Plattform sinn, anescht wéi eng ronn 30 aner Gemengen am Land.
De Buergermeeschter vu Schengen, Michel Gloden, confirméiert, datt et een neie Moment gëtt.
"Mir hunn am leschte Schäfferot decidéiert, datt mir e Schreiwes maachen un d'Gemeng, un den Tom Jungen, wou mir matgedeelt hunn offiziell, datt mir géife bäitrieden. Et muss ee wëssen, wann ee geschichtlech e bëssen zeréckkuckt, dann ass Schengen awer en Ausgangspunkt vun enger Beweegung gewiescht, déi anti Atomkraaft war."
Ausserdeem wier Schengen quasi den direkten Noper vu Cattenom. Op ganz ville Plazen an der Gemeng géing een d'Killtierm gesinn. Dofir hätt et op der Hand geleeën, der Initiativ bäizetrieden.
Entscheedung louch just beim Schäfferot
D'Entscheedung fir dëse Schrack ze goen - fir also och Member vun der Gemengeplattform géint Atomenergie ze ginn - wier ouni d'Zoustëmmung vum Gemengerot méiglech, huet de Schengener Buergermeeschter preziséiert.
"Et ass jo eng Decisioun, wou mir de Gemengerot net brauchen. Mir wäerten elo eng Info un de Gemengerot weiderginn. Dat do ass elo wierklech ganz rezent. Mee dat do ass jo elo kee Syndikat, wou mir bäitrieden. Et ass ee Mouvement, eng Beweegung. An do kann de Schäfferot decidéieren, do bäizetrieden."
De Buergermeeschter ass awer iwwerzeegt, datt hien d'Ënnerstëtzung vum ganze Gemengerot huet.
Ausléiser fir d'Initiativ d’Gemengenallianz géint Atomenergie erëm ze beliewen ass déi geplangte Verlängerung vun der Lafzäit vum franséischen Atomkraaftwierk Cattenom iwwer d'Joer 2026 eraus.
An der Gemeng Réimech soll iwwerdeems de ganze Gemengerot decidéieren, ob d'Gemeng Member vun der Allianz gëtt oder net: Dat huet de Buergermeeschter Jacques Sitz (DP) eis op Nofro hi gesot.