Bei der Ouvertureszeremonie haut um 14 Auer wäerten déi groussherzoglech Koppel, d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen an d’Buergermeeschtere vun den zwou bedeelegte Gemenge Lëtzebuerg an Ettelbréck present sinn.
D’LUGA ass e Gemeinschaftsprojet, dee vun engem Team vu 16 Leit an a Kooperatioun mat de Servicer vun der Stad Lëtzebuerg an Ettelbréck opgestallt ginn ass, betount d’Ann Muller am 100,7-Interview. Si ass Generalcoordinatrice vun der LUGA.. Och de Landwirtschaftsministère huet gehollef mat sengen Institutiounen, erkläert d’Ann Muller.
D’Ausstellung ëmfaasst 16 verschidden Theemen, dorënner d’Landwirtschaft, d’Biodiversitéit an de Patrimoine. Och d’Ecologie urbaine ass e grousst Theema, virun allem an der Stad, wou Gäert am urbane Raum opgebaut goufen a fir déi nächst Méint gefleegt ginn.
"Rendre visible l’invisible"
D’Generalcoordinatrice réit de Visiteuren, gutt Schung unzedoen, an och genuch Waasser mat ze bréngen. D’Ausstellung ass nämlech iwwert eng Längt vun 11 Kilometer an der Stad an zu Ettelbréck iwwer eng Längt vu 6 Kilometer verdeelt. D’Ausstellung ass awer esou konzipéiert, datt een net alles an engem Dag muss kucke goen, erkläert d’Ann Muller. Et wier souguer gewollt, datt een d’LUGA méi dacks géif besichen, well d’Gäert sech am Laf vun de 6 Méint verännere wäerten.
Et gouf och e Konschtparcours, ee sougenannten Art Trail, ageriicht, dee vum Boris Kremer konzipéiert ginn ass. Eng Rei vu verschiddene Kënschtler:inne sinn do vertrueden.
De Slogan vun der LUGA Expositioun ass “rendre visible l’invisible”. Et wéilt een op déi schéin Aspekter vun der Stad Lëtzebuerg opmierksam maachen, seet d’Ann Muller.
"Sech Zäit huelen, fir iwwer dee Parcours ze goen, déi Planzen, déi mir oft net am Fokus hunn, eemol ze fokusséieren. Mir schaffe vill mat dem sougenannten Onkraut, wat keen Onkraut ass. Mir schaffen awer och mat der Stad, souwuel hei, awer och zu Ettelbréck. Mat der Stad selwer, fir se erëm ze entdecken, well oft am Alldag gesäit een déi schéi Saachen net.”
1.500 Aktivitéite si geplangt
Zu Ettelbréck läit de Fokus op der Landwirtschaft. Et ginn traditionell Landwirtschaftskulture gewisen, awer och eng ganz Rei un neien Ubaumethode presentéiert. Dozou gehéieren d’Hydroponie, d’Aquaponie an de sougenannte “vertical farming”, seet d’Generalcoordinatrice vun der LUGA.
Och wäert wärend deenen nächste 6 Méint e Programm starten, bei deem 1.500 Evenementer geplangt sinn, fir Kleng a Grouss. Dëse Programm ass mat Hëllef vun den iwwer 1.000 Partnere vun der LUGA zesummegestallt ginn, erkläert d’Ann Muller. Dorënner falen ënner anerem och Sportsaktivitéiten a Relaxiounssessiounen. Alles déngt der Iddi vum Zesummeliewen an de Stied.
Et soll och gekuckt ginn am Laf vun den nächste 6 Méint, wéi eng Installatioune sech duerchsetzen, fir datt dës och no der Ausstellung nach weider gefleegt an oprecht erhale ginn. Do misst ee sech awer mat den Autoritéite vun de Stied ofschwätzen an een Accord fannen, erkläert d’Ann Muller.
D’Gäert goufen awer esou konzipéiert, datt si liicht ofzebauen an déi benotzt Materialer recycléierbar sinn. Méi Informatioune fannt dir op hirem Internetsite luga.lu
D’Ausstellung geet vum 7. Mee bis den 18. Oktober 2025.