D’Recht op Ofdreiwung wier e fundamentaalt Recht an hätt näischt mat Meenung oder Relioun ze dinn, esou d’Direktesch vum Planning familial Céline Gérard op der Demonstratioun.
Soll d’Recht op Ofdreiwung an der Verfassung verankert ginn?
No dem éischter positiven Avis vum Staatsrot am Juli, hu sech d’Deputéiert an der Chamberkommissioun Institutiounen nach eng Kéier mat der Gesetzespropos vun déi Lénk ausernee gesat.
Dobäi ginn d’Meenungen iwwer d’Verankerung vum Recht op Ofdreiwung an der Verfassung souwuel bei de Regierungsparteien, wéi och bei den Oppositiounsparteien auserneen.
Wärend d’DP-Fraktioun sech zwar prinzipiell dofir weist, ass si sech Partei-intern net iwwer de Wording eens: Soll d’Wuert “Recht” also Droit, oder éischter “Fräiheet” an d’Verfassung stoe kommen?
D’LSAP-Fraktioun an déi gréng ënnerstëtzen d’Propos vum Marc Baum (déi Lénk) ouni Awänn.
Fro vun der ADR-Fraktioun, Reaktioun vun déi Lénk
Den ADR-Fraktiounschef Fred Keup stellt sech d’Fro: Wa jo den Ament keng Partei d’Ofdreiwung wéilt penaliséieren, wisou et dann iwwerhaapt néideg wier, d’Recht an d’Verfassung anzeschreiwen?
Dorop sot de Marc Baum, datt och wann Avortement den Ament illegaliséiert sinn, dat net bedeit, datt sech dat net kéint änneren. An der Verfassung géifen och elo scho Saache stoen, déi och kee géif Fuerderen,
"Den Artikel 13 seet, datt d'Doudesstrof ofgeschaaft ass an net kann erëm agefouert ginn. Et ass keng Partei, déi ech kennen, déi d'Doudesstrof freet. Ech mengen och d'ADR net. Also, dat heescht, an eiser Verfassung sti grondleeënd Prinzippien, zu deene mer eis affirmativ bekennen.”
CSV hält sech bedeckt
D’CSV huet keng Positioun bezunn. Trotz e puer Nofroe vun den Oppositiounsparteien, wollt de President vun der Chamberkommissioun, de Laurent Zeimet vun der CSV, sech net dozou äusseren, wéi seng Partei zum Sujet steet. D'CSV géif sech awer net opposéieren d’Diskussiounen doriwwer weider ze féieren, esou heescht et um Internetsite vun der Chamber.