D’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, d’Ursula von der Leyen, huet dat wéi vill anerer net gemaach an hat e Méindeg duerch eng Ausso fir Diskussioune gesuergt.
Europa kéint net weider iwwer déi al Weltuerdnung waachen. Déi wier fort a kéim net erëm, esou d’Cheffin vun der Kommissioun. Dës Ausso gouf hir als eng Zort Support fir dem Donald Trump seng Politik op der internationaler Tribün ausgeluecht.
Zum Beispill e Mëttwoch am Europaparlament, wou d’Debatt iwwer de Krich géint den Iran och däitlech gemaach huet, wéi ënnerschiddlech dorop an der EU reagéiert gëtt.
Lauschtert hei dee ganze Bäitrag vum Danièle Weber
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.