arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Alphabetiséierung op Franséisch - op d'Kanner an d'Enseignantë lauschteren

Educatioun

|
headphones

3 min

Alphabetiséierung op Franséisch - op d'Kanner an d'Enseignantë lauschteren

Den Educatiounsminister Claude Meisch hätt an de leschte Jore vill Vertraue vum Schoulpersonal verspillt. Dofir wier et och net iwwerraschend, datt d'Schoulpersonal elo beim Projet ALPHA skeptesch ass, mengt de gréngen Deputéierte Meris Sehovic.

headphones

3 min

Ana Angel  | © Ana Angel
Gréngen Deputéierte Meris Sehovic (Foto: Ana Angel)

De Projet ALPHA, dee gëschter um Mëttwoch an der Chamber mat grousser Majoritéit gestëmmt gouf, gesäit vir, datt Kanner vum Cycle 2 un entweder op Däitsch oder op Franséisch kënnen alphabetiséiert ginn. De Choix läit, no Berodung mam Schoulpersonal, bei den Elteren.

De Meris Sehovic, deen och Schoulschäffen an der Gemeng Esch ass, weist sech optimistesch, datt d'Schoulpersonal dat stemme kann. Et géif awer elo vill un der Kommunikatioun vum Educatiounsminister leien.

"Déi politesch Method, fir ouni Sozialdialog, ouni vill Consultatioun, Saachen à toute force duerchzebrätschen, dat ass d'Method Claude Meisch elo an deene leschten zéng Joer gewiescht. Dat huet fir enorm vill Onsécherheeten a Frustratioune gesuergt. An ech mengen, datt mir dat e Stéck wäit och dee Präis eeben elo an där heiten Debatt bezuelt hunn."

Wéi kéint een dat Vertrauen nees hierstellen a sengen Aen? 

"Andeems mir ab elo ufänken an den Dialog ze goen, an d'Consultatioun ze goen a mat de Leit um Terrain, déi dat heiten ëmsetze mussen, ganz, ganz enk d'Gespréich sichen an eeben och hir Erfarung vum Terrain afléisse loossen an d'Ëmsetzung vun deem dote Projet."

D’Alphabetiséierung op Franséisch wier ee gesellschaftlech Thema, an dofir wier et och normal, datt een hei als Gesellschaft Pro a Kontra thematiséiert.

Zu Esch wier de Constat awer schonn haut, datt tëschent 50 bis 80 Prozent vun de Kanner weeder Däitsch nach Lëtzebuergesch doheem schwätzen, esou de Meris Sehovic. Dat heescht, esouguer an enger Stad wéi Esch wier de Besoin an de Quartierë ganz heterogen. 

Individuell Situatioun kucken

Et wier awer ze kuerz gegraff fir ze soen, datt Kanner, déi doheem beispillweis portugisesch oder serbo-kroatesch schwätzt, elo automatesch op Franséisch alphabetiséiert ginn, mengt den Escher Schoulschäffe. Et  misst een no der individueller Situatioun doheem an de Kompetenze vum Kand kucken, an op Base heivun ee Choix treffen. 

 "An dowéinst trauen ech mech do nach net richteg eng Previsioun ze maachen. Do waarden ech ganz gespaant dann elo am zweeten Trimester op déi éischt Aschätzung da wierklech vun den Enseignanten, déi déi Kanner all Dag erliewen an do ganz sécher am beschte placéiert sinn, fir eng Recommandatioun an eng Previsioun ze maachen."

Den Escher Schoulschäffe Meris Sehovic betount, datt d’Alphabetiséierung op Franséisch och eng Chance fir Eltere bitt, hire Kanner bei den Hausaufgaben ze hëllefen. Dofir missten si net d’office franséisch Mammesproochler sinn. 

Rentrée 2026 

De Projet ALPHA fir eng optionell Alphabetiséierung op Franséisch wäert ab nächster Rentrée ulafen. De Meris Sehovic mengt iwwerdeems, datt heifir am ganze Land ronn 150 Klassenzëmmeren a ronn 100 Enseignantë méi wäerte gebraucht ginn.