Radioen

On air

Notturno  |  Lucius - Go Home (feat. Marcus Mumford)

play_arrow Live
search

/ D’Enseignantsgewerkschaft fuerdert d’Inklusiounspolitik an de Schoulen ze iwwerdenken

Educatioun

D’Enseignantsgewerkschaft fuerdert d’Inklusiounspolitik an de Schoulen ze iwwerdenken

Net all Kand kéint de ganzen Dag iwwer beschoult ginn, erkläert d’Joëlle Damé, Presidentin vum SEW op hirer Rentrées-Pressekonferenz. Et bräicht ee méi séier a gereegelt Prozeduren, fir sech ëm déi sougenannte Systemsprenger-Kanner ze këmmeren.

auto_stories

2 min

© Morgane Weidig
Foto: Morgane Weidig

Dem Schoulpersonal um Terrain géif et iwwerdeems schlecht goen an dowéinst misst den Educatiounsministère aktiv géint d’Penurie am Enseignement virgoen, seet d’Presidentin vum SEW-OGBL.

Et géif net duergoen d‘Symptomer ze behandelen, et misst een d‘Ursaache vun de Problemer bei der Wuerzel upakeen.

Ausso vun der Joëlle Daméplay_arrow

"D’Haaptursaache fir d’Iwwerlaaschtung vun den Enseignantë si kloer a villfälteg. Déi schoulesch Inklusioun gëtt an der Ëffentlechkeet nach vill ze oft schéi geriet, dobäi sinn d’Problemer bei der Ëmsetzung um Terrain massiv."

Inklusioun wier wichteg, mee et géif ee se net zum Nulltarif kréien, sou d‘Joëlle Damé. Et wier och problematesch, datt een d‘Ressourcen net kéint chiffréieren, déi ee géif brauche fir Inklusioun och wierklech ëmzesetzen.

Problemer wéi am Mamer Lycée keen Eenzefall

Fir eng erfollegräich Bildungspolitik misst d'Léierpersonal gestäerkt ginn, ass ee weidere Constat vum SEW-OGBL. Problemer wéi viru kuerzem am Mamer-Lycée wieren keen Eenzelfall betount d’Vera Dockendorf. Déi genannte Problemer reeche vum respektlosen Ëmgang vun der Direktioun vis à vis vum Personal bis hin zum harcélement moral oder nach déi illegal Iwwerwaachung op der Aarbechtsplaz. 

Bannent de leschten zwee Méint hätt den SEW dräi Demandes de Protections wéinst harcélement moral eragereecht. Eng Ulafstell fir d'Affer wier deemno "dréngend néideg", betount d'Vera Dockendorf. D'Gewerkschaft hätt eng Plaintëkommissioun versprach kritt, bis elo hät een awer nach keng Nouvellen dozou kritt. "Dat beweist wéi wéineg eescht de Minister mam Wellbeing vun den Enseignanten ëmgeet.”, esou d'Vera Dockendorf.

Ausso vun der Vera Dockendorfplay_arrow