Bei de Géigemesurë geet et konkret ëm eng Lëscht mat Industrie- a Liewensmëttelprodukter aus den USA, déi vun neien Taxe betraff kéinte sinn.
Den Donald Trump hat annoncéiert, vum 1. August un 30 Prozent Zoll op EU-Importer ze erhiewen. De Maros Sefcovic huet dat als "eng komplett nei Dynamik" bezeechent a gewarnt, datt esou eng Moossnam praktesch engem Handelsverbuet gläich kéim.
Verhandlungen tëschent der EU an den USA solle bis Enn Juli weidergefouert ginn, fir eng Eskalatioun ze verhënneren, esou nach den EU-Handelskommissär.