arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'EU braucht eng Anti-Dronen-Mauer

Defense

|
headphones

2 min

D'EU braucht eng Anti-Dronen-Mauer

D’Defenseministere vun enger 10 EU-Memberlänner sinn sech um Freideg driwwer eens ginn, datt d‘Schafe vun enger sougenannten Anti-Drone-Mauer eng Prioritéit ass. Dee Sujet kéint och um Sommet vun den EU-Staats-a Regierungscheffen ee Mëttwoch an een Donneschdeg zu Kopenhage thematiséiert ginn. 

headphones

2 min

© EPA/SERGEY DOLZHENKO
(Foto: EPA/SERGEY DOLZHENKO )

Iwwert dem däneschen Territoire sinn des Woch op en Neits Dronen detektéiert ginn. An och wann net formell gewosst ass vu wou se kommen, esou geet Dänemark dovun aus datt Russland dohannert stécht. Och Däitschland huet eng Zort Schwarm un Dronen am Norde vum Land op der Dänescher Grenz observéiert. D’EU an dorënner Däitschland wëllen elo hir Defense vis a vis vun der Drone Menace verstäerken.

Dänemark huet viru kuerzem d’Acquisitioun vu Prezisiouns Laangstreckerakéiten annoncéiert. An e puer Deeg drop goufen e puer Mol Dronen detektéiert. Viséiert goufen dobäi dänesch Militärsitten, ewéi deen zu Karup, wou all d’Helikopter vun der Arméi stationéiert sinn. Och d’Piloteschoul an d’Iwwerwaachungssystemer fir de Loftraum leien an där Ëmgéigend, grad ewéi ee Flughafen.

D’Nopeschland Norwegen enquêtéiert iwwert eng potentiell Presenz vun Dronen no bei der grousser Militärbase zu Orland.

Léieren aus dem Krich an der Ukrain zéieb

Et sinn dëst ganz sensibel Sitten an et geet elo drëms Alles ze ënnerhuelen, fir engersäits d’Flughäfen, d‘Militärinfrastrukturen an Installatiounen ze schützen, mee och Plaze wou vill Mënsche kënnen zesummekommen, an déi och eventuell vun esou Drone kënne viséiert ginn.

Den EU-Kommissär fir Defense den Andrius Kubilus huet d’europäesch Länner dozou opgeruff Léieren aus dem Krich an der Ukrain ze zéien a séier Dronenofwiersystemer ze schafen.

Däitschland wëllt Dronen-Kompetenzzenter kreéieren

De Bundesinneminister Alexander Dobrindt huet elo annoncéiert, datt een däitschen Dronen-Kompetenzzenter soll entstoen an deem och d‘Bundesländer an d’Bundeswehr vernetzt wieren.

Fir dat kënnen ze realiséieren, misst d’Flugsécherheetsgesetz ugepasst ginn.

Dronen Ofwiersystemer ginn et mee et ginn eng Hellewull u verschiddene Modeller an Technologien déi fir Dronen agesat ginn, mam Zil datt se eben net kënnen detektéiert ginn. Dohier och de Besoin an der EU zesummen e schaffen, fir eng Anti-Dronen-Mauer opzebauen.