Konkret ginn an deem 33 Säite laangem Dokument presuméiert Demokratiedefiziter an Aschränkunge vun der Meenungsfräiheet kritiséiert.
Iwwer de Sujet Migratioun heescht et, dës géif vun enger Ausläschung vun der Zivilisatioun iwwerlagert ginn.
Den europäeschen Ëmgang am Ukrainkrich gëtt an dem Dokument iwwerdeems schaarf kritiséiert. Europa hätt seng Ofhängegkeet nëmme vergréissert an europäesch Politiker hätten onrealistesch Erwaardungen.
An dëser nationaler Sécherheetsstrategie leeën d‘USA hir baussen- a sécherheetspolitesch Linne fest.
D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen huet schonn dorop reagéiert an d‘Reproche vu sech gewisen.