arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D‘EU-Kommissioun kënnt Lëtzebuerg entgéint

Europäesch Bankenopsiicht

|
reading time

1 min

D‘EU-Kommissioun kënnt Lëtzebuerg entgéint

Am Kader vun der Spuer- an Investissementsunioun SIU soll de Bankesecteur an der EU méi no zesummeréckelen, dat sot den Finanzminister Gilles Roth no enger Entrevue mat der EU-Kommissärin fir Finanzservicer Maria Luis Albuquerque.

reading time

1 min

© Jacques Ganser
(Foto: Jacques Ganser)

Ugangs war dofir vun der Kommissioun eng eenheetlech Bankenopsiicht virgeschloe ginn, ee Wee dee Lëtzebuerg esou net wollt mat goen. Mam Gespréich vun e Mëttwoch gesäit de Finanzminister Gilles Roth eng Ouverture.

An der Vergaangenheet wier iwwer eng institutionaliséiert Finanzopsiicht rieds gewiescht, wat net favorbal fir déi Lëtzebuerger Finanzplaz gewiescht wier "well dat ëmmer ënner Ëmstänn e Business ewechzitt", sou de Gilles Roth.

play_arrow De Gilles Roth

"Haut ass et e bëssen en aneren ajustéierte Language, dass ee seet, mir hätte gäre gemeinsam Reegelen, mir hätte gären eng Konvergenz vun de Reegelen vun der Finanzopsiicht, déi da vun deenen eenzelnen nationale Finanzopsiichten, an dësem Fall bei eis déi CSSF, géifen applizéiert ginn."

De Lëtzebuerger Finanzminister appréciéiert "dësen ajustéierte Language" vun der EU-Kommissioun.