Op de soziale Medien si sëllege Videoen ze gesinn, wou Keller ënner Waasser stinn. Virun allem an der Géigend ronderëm Esch, Déifferdeng, Péiteng a Suessem war de Reen am kräftegsten. MeteoLux schreift an engem éischte Bilan, datt an där Géigend bis zu 40 Millimeter Reen an enger Stonn gefall sinn. De Wiederdéngscht
Météo Boulaide schwätzt vu 70 Liter op de Meterkaree, déi punktuell gefall sinn.
⚠️⛈️ Déi stäerksten Donnerwiederen sinn elo duerchgezunn an fir den Rescht vun der Nuecht wäert et nach eng Zäitchen reenen, deels och méi kräfteg. Am Südwesten vum Land sinn plazeweis ëm 40 mm innerhalb 1 Stonn zesumme komm, an och Wandstéiss vun 90-100 km/h goufen gemooss. /LM pic.twitter.com/13MJaD82Ca
— MeteoLux (@Meteo_Lux) June 29, 2024
Een Tornado zu Eschduerf?
Och de Wand hat et a sech. MeteoLux no goufe Wandvitesse vu bis zu 100 Km/h gemooss. Dëst huet zu immens villen Äscht a Beem op eise Stroosse gefouert.
Météo Boulaide ass souguer dovun ausgaang, datt sech an der Géigend vun Eschduerf een Tornado gebilt hätt. Do wier et zu immens staarke Rotatioune komm, sou datt een Tornado net auszeschléisse wier.