arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’Deutsche Bahn wëllt 20 Milliarden Euro a Garen investéieren

Mobilitéitskonzern

|
reading time

1 min

D’Deutsche Bahn wëllt 20 Milliarden Euro a Garen investéieren

Den däitsche Mobilitéits- an Transportkonzern Deutsche Bahn wëllt bis 2030 all Joer véier Milliarden Euro an d’Renovéierung vu Gare stiechen.

reading time

1 min

Deutsche Bahn | © EPA/CLEMENS
Deutsche Bahn (Foto: EPA/CLEMENS)

An den nächste fënnef Joer wäerten et Investitioune vu méi wéi 20 Milliarden Euro sinn, esou d’Cheffin vun der Deutsche Bahn AG, Evelyn Palla an engem Interview mat der Funke-Mediengruppe. An dësem Beräich géif et ee “kloren Nohuelbedarf” ginn.

Méi modern, sécher a propper Garen an Däitschland

Der DB no, sollen dëst Joer iwwer 1.000 Statioune moderniséiert ginn. Donieft solle bis 2030 a ganz Däitschland iwwer 700 Garë komplett renovéiert ginn, eleng 130 dovun nach dëst Joer.

50 Milliounen Euro solle kuerzfristeg fir d’Sécherheet a fir propper Garen ausgi ginn.