arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'DP huet nach keng Positioun zu den Duebelmandater

National

|
headphones

3 min

headphones

5 min

play_arrow

D'DP huet nach keng Positioun zu den Duebelmandater

Buergermeeschter oder Schäffe sinn a gläichzäiteg Deputéierten. Domat soll iergendwann Schluss sinn, am léifste schonn no den nächste Walen 2028. Dat ass allzäit d'Hoffnung bei den Oppositiounsparteien. Mee vun der Formule een eenzegt Mandat op de Kapp, ass bei CSV an DP net jiddereen iwwerzeegt.

headphones

3 min

headphones

5 min

play_arrow

D'Wochenzeitung Lëtzebuerger Land hat e Freideg schonn driwwer geschriwwen. Den neien CSV Fraktiounschef Laurent Zeimet hat d'Diskussioun am Fong un d'Rulle bruecht, wéi hie säi Mandat als Buergermeeschter zu Beetebuerg opginn huet, fir sech exklusiv a voll a ganz ëm seng nei Aufgaben an der Chamber kënnen ze bekëmmeren.

D'DP hat sech nach net endgülteg festgeluecht, dat seet hire Fraktiounschef, de Gilles Baum. Hie selwer gesäit am Cumul vun de Mandater wuel Nodeeler, awer och Virdeeler.

Et géif ëmmer gesot ginn, datt een einfach méi no bei de Leit an um Terrain ass, wann ee beispillsweis Buergermeeschter vun enger Gemeng an Deputéierten ass, erkläert de Gilles Baum.

“Ech deelen dat.”

Hien kéint d’Argument , datt d'Aufgab vum Deputéierten awer ëmmer méi komplex an zäitintensiv ginn, awer och verstoen. Dëst Diskussioun, misst am Konsens gefouert ginn, mat allen de Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, an déi och Memberen hunn, déi an engem Schäfferot sinn, respektiv gläichzäiteg dann Deputéierte sinn, esou den DP-Politiker.

Diskrepanz tëschent Staatsbeamten a Salarié oder Independant   

Am Moment kritt en Deputéierten d'office 20 Stonne Congé politique. Ausser Staatsbeamten – si  ginn en direkt ganz vun hire berufflechen Aufgaben entbonnen, well een am Sënn vun der Gewaltentrennung net gläichzäiteg fir d'Chamber an als Beamte fir d'Regierung schaffe kann. 

Finanziell gëtt et fir all Deputéierten eng Indemnitéit de base plus zwee Drëttel vun der leschter Pai fir d'Staatsbeamten. Déi aus dem Privatsecteur kréie vereinfacht gesot eng hallef Tâche. 

20 Stonne politesche Congé sinn net genuch 

Ma 20 Stonne Congé politique géifen egal wéi net duer goen. Dat ass eppes, wat ëmmer méi Deputéierter soen. De Gilles Baum kann dat och novollzéien a seet et misst een driwwer nodenken, de Congé politique vun 20 Stonne lues a lues eropzeschrauwen.

Den DP-Deputéierte war ier hie säi Chambermandat ugetrueden huet, Enseignant am Fondamental. Als Beamte konnt hien sech aus éinescht genannte Grënn, vun Ufank u komplett op seng Aarbecht als Deputéierte konzentréieren. Dëse Virgang wier awer net just positiv fënnt de Gilles Baum. Grad och fir d'Diversitéit vun de Profiller an der Chamber. 

“Fir eis als Demokratesch Partei ass et immens wichteg, dass och an den nächste Chamberen jiddweree ka representéiert sinn, egal wat fir e Beruff datt en huet.”

Et ass eng Ongerechtegkeet

Ob ee Bauer ass, Handwierker, Affekot, Staatsbeamten oder Jurist, fir d’DP wier et wichteg, datt d'Chamber weiderhin d'Gesellschaft erëmspigelt. Dës Diskrepanz tëschent engem Staatsbeamten a engem Salarié oder Independant wier eng Ongerechtegkeet, esou de Gilles Baum.

Et wier e Gedanke wäert fir no de Walen 2028 en eenheetleche Statut unzestriewen, fir all d'Deputéiert, egal aus wéi engem beruffleche Spektrum se kommen, heescht et vum fréiere Schoulmeeschter. 

“Datt dat eng Iddi ass, déi een op alle Fall soll verfollegen a mir wäerten eis där Iddi an och fir do drun aktiv matzeschaffen, mir wäerten eis deem net verschléissen.”

D'Iddi vum Statut unique fir den Deputéierte wär am zoustännegen Aarbechtsgrupp bis elo just kuerz ugeschwat ginn, heescht et nach vum Gilles Baum. Hien kéint sech virstellen, datt ee fir d'éischt de Statut unique fir den Deputéierte géif schafen an d'Fro vum Cumul vun de Mandater op nationalem a Gemengenniveau dann nach géif opstoe loossen.

play_arrow Lauschteren