arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D‘Cyberattack bei der Post hätt Huawei-Router an hir Software viséiert

No Totalausfall bei der Post

|
headphones

1 min

D‘Cyberattack bei der Post hätt Huawei-Router an hir Software viséiert

Dat mellt Paperjam mat Verweis op eng Email vum nationale Regulatiounsinsitut. De Service fir Cyber- a Reseaussécherheet beim ILR hätt leschte Freideg, also zwee Deeg nom Totalausfall bei der Post, ee Mail un eng ganz Partie Acteure geschéckt.

headphones

1 min

©  picture alliance / CFOTO | CFOTO
(Foto: picture alliance / CFOTO | CFOTO)

Doranner géif den ILR d‘Notzer vun „Huawei Entreprise Router“ opfuerderen, fir sech mat hirem Computer-Sécherheets-Team a Verbindung ze setzen, esou de Paperjam. Huawei ass een ëmstriddene chineeseschen Tech-Gigant. 

Den Donneschdeg de Moie soll d‘Cyberattack bei der Post Theema an enger dréngender Chamberkommissioun sinn.