Gebuer gouf d’Colette Flesch 1937 zu Diddeleng. Um Ufank vum Zweete Weltkrich 1940 gouf d’Famill a Frankräich evakuéiert. De Papp ass geschwënn drop gestuerwen. D’Colette Flesch an hir Mamm bloufe bis 1945, ier se zeréck op Lëtzebuerg koumen.
Ufank der 60er Joren huet d’Colette Flesch an den USA Ekonomie a Politik studéiert. Si war iwwregens an der Klass mat der fréierer amerikanescher Ausseministesch Madeleine Albright.
Bei hirem Retour op Lëtzebuerg wollt si an den diplomateschen Déngscht. Dat war awer déi Zäit – als Fra - net usus. Si huet du fir déi europäesch Institutioune geschafft, ënner anerem bei der deemoleger CECA. D’Colette Flesch war och beim Sekretariat vum Conseil des ministres zu Bréissel.
Op ville politesche Bünen aktif
1969 war d’Colette Flesch zur Nationaler- an zur Europadeputéiert gewielt ginn. Vun do u bis 1980 souz si an der Chamber an am Europaparlament. Deemols huet een déi zwee Mandater zesumme gemaach.
A spéidere Joren huet d'Colette Flesch tëschent deem engen an deem anere Parlament gewiesselt. 1984 war si op de Krautmaart gewielt ginn, 1999 an d’Europaparlament, an 2004 war si zeréck am nationale Parlament.
Ufank vun den 80er Jore war d’Colette Flesch véier Joer an der Regierung: 1981 gouf den demollegen DP-Ausseminister Gaston Thorn EU-Kommissiounspresident. D’Colette Flesch huet hien an der Regierung ofgeléist.
Si war deemools Vizepremier, Aussen-, Kooperatiouns-, Wirtschafts-, Mëttelstands- a Justizministesch.
Et war d’Zäit vun der Stolkris an de laanger Tripartiten. An deem Kontext hat d’Colette Flesch déi deemoleg ARBED eng “Industrie crépusculaire” genannt – eppes wat fir grouss Opreegung gesuergt hat. Si sot emol dono, datt si dee Saz awer nach emol esou gesot hätt, well sech erwisen huet, datt si Recht hat.
Eng Stater Damm
D’Colette Flesch war 1970 och mat 32 Joer zur Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg gewielt ginn. Hei war si jorelaang - zesumme mat der Lydie Polfer an der Anne Brasseur - de staarken Dammentrio an der Stad, déi an der DP d’Fiedem gezunn hunn.
De Sprong vum Sport an d’Politik
De Sprong an d’Politik war der Colette Flesch iwwer hire Sport, d’Fechten, gelongen. Hiren Numm war an de 60er Jore bekannt ginn, duerch hir dräimoleg Participatioune bei den Olympesche Spiller: 1960 zu Roum, 1964 zu Tokio, an 1968 zu Mexiko City.
An engem Interview am Tageblatt virun e puer Joer sot d’Colette Flesch, datt si déi éischt Sportlerin war, déi iwwer de Sport an d’Politik koum. Eng ganz Partie Leit sinn hir dono dee Wee gaangen – och wa kengem bis elo déi Karriär gegléckt ass, déi d’Colette Flesch gemaach huet.
Lauschtert op den Doud vun der Colette Flesch.
D'Colette Flesch war den 23. Oktober 2022 Invitée beim Jean Claude Majerus an eiser Emissioun "Sot Emol".