Radioen

On air

Tockcity  |  Kneecap - Sick In The Head

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D‘Cheffin vum Secret Service an den USA huet demissionnéiert

D‘Wäisst Haus confirméiert

D‘Cheffin vum Secret Service an den USA huet demissionnéiert

D‘Kimberley Cheedo stong nom Attentat viru ronn enger Woch op den Ex-President Donald Trump staark an der Kritik.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Annabelle Gordon - CNP

Si hat gëschter bei enger Unhéirung am Kongress zouginn, datt de Secret Service versot hätt. De Secret Service ass fir de Schutz vun héije Politiker zoustänneg.

Ee Mann hat virun enger gudder Woch bei engem Wahlkampfoptrëtt vum Donald Trump am US-Bundesstaat Pennsylvania op de fréiere President geschoss an hien um rietsen Ouer blesséiert. Eng Persoun ass gestuerwen – zwou weiderer goufe blesséiert. De presuméierten Täter gouf vun de Sécherheetskräften dout gemaach