An deem Kader kënnt eng nei Plaquette virun d’Chamber hänke fir drun ze erënneren, datt d’Demokratie "eng fragil Errongenschaft ass, déi muss geschützt ginn."
Ënner anerem gouf et en Discours vum Historiker Fabio Spirinelli an eng Interventioun vun de Schülerinnen a Schüler vu YOUth in politics zum Theema "Wat bedeit d’Demokratie fir mech?".
Déi vill Facettë vun der Demokratie
Och de Chamberpresident Claude Wiseler huet a senger Ried betount, datt d’Demokratie den Ament staark ënner Drock géif stoen. Dofir wier et wichteg, sech fir d’Fräiheeten an d’Rechter anzesetzen.
"Well eng Demokratie ass och méi wéi d'Chamber ze wielen. Si ass Meenungsvielfalt dobaussen an de Medien. Si ass de friddleche Protest op der Strooss. Si ass d'Petitioun, déi e Bierger erareecht. Si ass d'Kontroll vun eis Deputéierten a vun der Regierung. Si ass de Respekt vum politesche Géigner."
D'Demokratie wier souwuel d'Majoritéit wéi och d'Oppositioun. esou nach de Claude Wiseler. Si wier d'Fräiheet vun der Wëssenschaft, der Reliounsfräiheet, an "d'Fräiheet ze denken an ze soen, wat ee wëllt.”