arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D’CO2-Emissioune vu Containerschëffer aus der EU sinn däitlech geklommen

EU-Zuelen

|
headphones

1 min

D’CO2-Emissioune vu Containerschëffer aus der EU sinn däitlech geklommen

Analyse vun enger spezialiséierter dänescher Entreprise weisen, datt d’Attacken op Handelsschëffer vun den Huthi-Milizen a Jemen dozou bäigedroen hunn. Dowéinst mussen d’Schëffer wäit Ëmweeër fueren, wat schlecht fir d’Klima ass.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa/HPIC | Stringer
(Foto: picture alliance/dpa/HPIC | Stringer)

Wéinst der Kris um Roude Mier fuere vill Containerschëffer de méi wäite Wee ronderëm d’Südspëtzt vu Südafrika.

2024 wieren d’Kuelendioxidemissioune vu Containerschëffer aus der EU, ëm 46 Prozent am Verglach mat 2023 geklommen.

Tëschent 2018 an 2023 waren d’CO2-Emissioune vun dëse Schëffer Joer fir Joer gefall.