Déi Computer-ënnerstëtzten Assistenz iwwer Telefon soll deene Leit, déi net esou gutt an der digitaler Welt eens ginn, hëllefen e Rendez-vous an der Agence ze huelen.
Iwwerdeems bitt d'CNS e virtuelle Guichet un, also quasi wéi e richtege Guichet mat perséinlechem Kontakt awer iwwer Computer oder Telefon.
Digitale Remboursement
Vum éischte Januar 2026 u gëtt et fir d'Dokteschen an Dokteren obligatoresch hir Dokumenter digital un d'CNS ze ginn. An da soll och de Remboursement iwwer den digitale Guichet méiglech ginn, seet de Christian Oberlé.
“Dofir brauch een den Original, den original Mémoire d'honoraire. Wa mir deen an Zukunft dann digital kréie vum Dokter, mat den Ënnerschrëften an alles, da kënne mir och do e Virement instantané iwwer e Guichet virtuel maachen.”
De Remboursement an deenen normale Guichete funktionéiert awer weiderhin iwwer de Virement accéleré - also eng Iwwerweisung, déi direkt um Konto ukënnt. D'Waardezäit fir e Rendez-vous géif, dem President vun der CNS no, fir den Ament bei engem bis dräi Deeg leien.
PID soll weiderentwéckelt ginn
De Paiement immédiat direct hätt esouwuel d'Waardezäiten an de Guicheten, wéi och d'Delaie fir d'Remboursementer reduzéiert. Mëttlerweil benotzen iwwer 70 Prozent vun den Dokteschen an Dokteren am Land de PID. Elo soll en nach weider op alleguer d'Spideeler, op d'Psychotherapie, op d'Kinésetherapie an op d'Office sociaux ausgebreet ginn. Vun nächstem Joer u sollen da souwuel d'Krankeschäiner wéi och d'Ordonnancen elektronesch funktionéieren. Doduerch géif den Opwand weider reduzéiert ginn, esou de Christian Oberlé.
Et bleift awer weiderhi méiglech, datt de Patient oder d'Patientin d'Ordonnance kann ausgedréckt kréien, esou nach de Christian Oberlé.