Radioen

On air

Trendscheif  |  MJ Lenderman - Wristwatch

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'CGFP ass weider géint Verschlechterunge bei de Pensiounen

Conférence des comités élargie

D'CGFP ass weider géint Verschlechterunge bei de Pensiounen

Datt d'CSV an d'DP dem Wieler virun de Walen näischt dovu gesot, dee Sujet direkt no de Walen awer zum Topptheema gemaach hätten, wier Bedruch um Wieler, sot de President Romain Wolff. Fir hien hätt d’Regierung och keen Optrag, fir iergendeppes an deem Dossier ze ënnerhuelen.

auto_stories

2 min

Conférence des comités élargie | © Eric Ewald
Foto: Eric Ewald

De CGFP-President huet gemengt, datt d'Politik net amstand wier, fir wichteg Sujete wéi de Logement unzepaken. Virun deem Hannergrond wier d'Regierung dunn op déi "vëlleg abstrus Iddi" komm, fir bei Reserve vu 27 Milliarden eng Pensiounsdiskussioun ze provozéieren an de private géint den ëffentleche Secteur opzestëppelen. De Romain Wolff huet dat total onverantwortlech genannt an un d'90er Joren erënnert. Deemools wier d'Fonction publique massiv bei d'Lisette gelooss ginn, wouropshin - wéinst Pensiounsverschlechterungen - Zéngdausende Leit op d'Strooss gaange wieren. Sollt d'Regierung, esou wéi deemools, den aktuelle Pensiounsregimm "zerschloe wëllen", géif d'CGFP sech deem mat alle Mëttele widdersetzen.

"D'1990er Jore virun Aen, si mir elo schonn amgaangen, eis ze preparéieren, sollt dës Regierung liichtfankeg an ouni Urgence Verschlechterungen, ganz besonnesch am aktuelle Renten- a Pensiounssystem plangen. An dat Ganzt ouni iergendeen Optrag vum Wieler!"

D'CGFP fuerdert eng Punktwäerterhéijung

De Generalsekretär Steve Heiliger ass op de Sozialdialog agaangen, dee sech d'Regierung op de Fändel geschriwwen hätt, mee de Sozialdialog hätt Ufank 2024 esou gutt fonctionéiert, datt een den 29. Abrëll eng grouss ugeluechte Protestmanifestatioun hätt missten organiséieren. "Datt dës Manif e grousse Succès war, ass mëttlerweil gewosst."

Wat den nächsten Accord salarial am ëffentlechen Déngscht ugeet, huet sech de Steve Heiliger eng substanziell linear Punktwäerterhéijung gewënscht.

Den zoustännege Minister weist sech oppe fir Diskussiounen

Fir de Serge Wilmes, CSV-Minister vun der Fonction publique, ass d'CGFP determinéiert awer konstruktiv an den Diskussiounen. D'Staatsbeamtegewerkschaft kéint op den Dialog mat der Regierung zielen. A Saachen Accord salarial kéim et dës Woch zu éischten Diskussiounen.

Fir datt, esou den zoustännege Minister, d'Aarbechtskonditiounen an der Fonction publique och an Zukunft déi beschtméiglechst wieren.

Lauschterenplay_arrow