Radioen

On air

Moiesstudio  |  Hëllef fir Fraen an Nout

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'CFL bleift d'Nummer 1 op der Lëscht vun de gréissten Employeuren

STATEC

D'CFL bleift d'Nummer 1 op der Lëscht vun de gréissten Employeuren

De STATEC huet déi nei Lëscht vun de gréissten Employeure publizéiert: Op der éischter Plaz bleift de Grupp CFL. Bei der Eisebunn hunn op den 1. Januar dëst Joer 4990 Leit geschafft.

auto_stories

1 min

CFL | © picture alliance / Hauke-Christian Dittrich
Foto: Archiv

De Groupe Dussman, deen am Botzsecteur aktiv ass, kënnt mat 4710 Employéeën op déi zweete Plaz. Duerno kënnt d‘Post, dann de Grupp Catus. An op der fënnefter Plaz ass elo Amazon. Den Online Konzern, deen zu Lëtzebuerg säin europäesch Sëtz huet, ass dräi Plazen erofgerëtscht. Zejoert war Amazon nach deen zweetgréissten Employeur hei am Land, elo ass Amazon op der fënnefter Plaz, mat 4,270 Employéeën. Dat sinn der 300 manner wéi zejoert.