Eng 100 Betriber si vun der Krankheet betraff. Se ass fir de Mënsch net geféierlech, mee virun allem fir Schof a Ränner potentiell déidlech. Allgemeng wier zënter dem Ausbroch vun der Krankheet awer keen erhéijte Stierflechkeetstaux festgestallt ginn, esou nach d‘ALVA. D'Blozonge-Krankheet gëtt iwwer infizéiert Mécken iwwerdroen. Zënter dem Start vun der Impfcampagne leschte Freideg wiere ronn 50.000 Dosissen un d‘Déierendoktere verdeelt ginn – weider 190.000 goufen nobestallt. D‘Impfung ass fräiwëlleg – gëtt awer vun der ALVA recommandéiert.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ D‘Blozongekrankheet breet sech aus, sou d'Veterinärsinspektioun
Net geféierlech fir de Mënsch
D‘Blozongekrankheet breet sech aus, sou d'Veterinärsinspektioun
Zënter Ufank des Mounts goufe bis ewell 176 Déiere positiv getest. Déi meescht dovu Ränner, esou d‘Veterinär a Liewensmëttelverwaltung ALVA.
auto_stories
1 min